West Virginia
| West Virginia | |||||
| |||||
| Spëtznumm: Mountain State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
| Haaptstad: | Charleston | ||||
| Gréisst Stad: | Charleston | ||||
| Gouverneur: | Patrick Morrisey | ||||
| Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 41. Plaz 62.755 km² 0,60 % | ||||
| Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 39. Plaz 1.793.716 (2020)[1] 29,8/km² | ||||
| Opgeholl als Memberstaat: | 20. Juni 1863 (35ten) | ||||
| Zäitzon: | UTC-5/-4 | ||||
West Virginia ass e Bundesstaat am Oste vun den USA.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]West Virginia ass den néngtklengste vun de 50 US-amerikanesche Bundesstaaten. De Staat grenz am Südosten u Virginia, am Südwesten u Kentucky, am Nordwesten un Ohio, am Norden u Pennsylvania an am Nordosten u Maryland. E läit an den Appalachen; dofir ass säi Spëtznumm The Mountain State a säi Motto Montani Semper Liberi ("Biergleit sinn ëmmer fräi").
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]2015 gouf geschat, datt iwwer 1.8 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 93,6 % als wäiss Amerikaner, 3,6 % als Afroamerikaner, 1,5 % als Hispanic/Latino, 0,8 % als asiatesch an 0,2 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 41.576 US-Dollar pro Stot a 23.237 USD op de Kapp[1].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Snowshoe Mountain
- Vue op d'Haaptstad Charleston
- De State Capitol vu West Virginia
- D'Seneca Rocks
- D'New River Gorge Bridge
- Blackwater Falls
- Morgantown
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: West Virginia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 census.gov: QuickFacts: West Virginia