Op den Inhalt sprangen

Wells Fargo Bank

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wells Fargo Bank
Gebai vun der Wells Fargo zu San Francisco
Grënnungsdatum 18. Mäerz 1852
Grënner Henry Wells, William Fargo
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Sëtz San Francisco
Besëtzer Berkshire Hathaway, BlackRock, The Vanguard Group
Mataarbechter 150.500
Ëmsaz 82.296.000.000 US-Dollar
  (2024)
Homepage https://www.wellsfargo.com/

D'Wells Fargo Bank ass eng US-amerikanesch Bank, déi 1852 gegrënnt gouf, an déi haut zu de véier gréissten US Banke gehéiert.

Presenz zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

1969 gouf zu Lëtzebuerg eng Filial vun der Wells Fargo Bank, National Association opgemaach[1]. De Sëtz war fir d'éischt op 2 an der rue Heine am Garer Quartier an der Stad, ier se dunn 1973 an d'Zithastrooss N°22 geplënnert ass. Enn 1977 huet d'Bank fir Schlagzeile gesuergt, well se 21 Mataarbechter entlooss huet[2]. 18 Méint méi spéit, am September 1979 gouf déi lëtzebuergesch Filial zougemaach[3], awer eréischt den 8. Juni 2020 aus dem Handelsregëster gestrach[1].

  • Clive Sanders (1969 – 1972)
  • Léon Weyer (1972 – …)
 Commons: Wells Fargo Bank – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (en) Wells Fargo Bank, National Association (B8419). www.lbr.lu. Gekuckt den 30.01.2026.
  2. (fr) 21 licenciements auprès de la Wells Fargo Bank Luxembourg à la suite d’une restructuration. S. 3. In: Luxemburger Wort, 131. Jg., n° 5, Digitised by the National Library of Luxembourg (07.01.1978). Gekuckt den 30.01.2026.
  3. (fr) Wells Fargo Bank quitte Luxembourg. S. 3. In: Luxemburger Wort, 132. Jg., n° 188, Digitised by the National Library of Luxembourg (17.08.1979). Gekuckt den 30.01.2026.