Op den Inhalt sprangen

Terni

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Terni
Land Italien
Regioun Umbrien
Provënz Terni (TR)
Koordinaten 42°33'38,776"N, 12°38'48,415"O
Fläch 212,43 km²
Awunner 106.370 (1. Januar 2023)
Héicht 130 m
ISTAT 055032
D'Cascata delle Marmore

Terni ass d'Haaptstad vun der Provënz Terni an der italieenescher Regioun Umbrien; se huet 106.370 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1][2].

D'Stad gouf warscheinlech am 7. Joerhonnert v. Chr. vun den Umbrier gegrënnt. Zur Réimerzäit war se als Interamna Nahars eng wichteg Statioun op der Via Flaminia.

Am 19. Joerhonnert huet sech Terni absënns duerch seng Stolwierker zum zentralen Industriestanduert vun Umbrien entwéckelt. An der Nokrichszäit huet d'Schwéierindustrie zwar e Réckgank erlieft, mä Terni ass och weider traditionell déi wichtegst Industriestad vun der Regioun.

Kuckeswäert sinn net nëmmen d'Iwwerreschter aus der Réimerzäit an déi vill Kierchen, mä och d'Cascata delle Marmore, déi an der Géigend läit a mat 165 m Fallhéicht ee vun den héchste Waasserfäll vun Europa ass.

 Commons: Terni – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://demo.istat.it/?l=it.