Op den Inhalt sprangen

John C. Calhoun

Vu Wikipedia
John C. Calhoun
Gebuertsnumm John Caldwell Calhoun
Gebuer 18. Mäerz 1782
Abbeville
Gestuerwen 31. Mäerz 1850
Washington
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit USA
Aktivitéit Politiker, Affekot, Diplomat, Schrëftsteller
Partei Democratic Party, Demokratesch-Republikanesch Partei
Fonctioun Member am US-Representantenhaus, Vizepresident vun de Vereenegte Staaten, Ausseminister vun de Vereenegte Staaten, Senateur vun de Vereenegte Staaten
Famill
Bestuet mat Floride Calhoun
Kanner Andrew Pickens Calhoun

Den John Caldwell Calhoun, gebuer den 18. Mäerz 1782 zu Abbeville am South Carolina, a gestuerwen den 31. Mäerz 1850 zu Washington D.C., war en US-amerikanesche Politiker (Demokratesch-Republikanesch Partei, duerno Nullifier Partei an zum Schluss Demokratesch Partei). Hie war vum 4. Mäerz 1825 bis den 28. Dezember 1832 de 7. Vizepresident vun de Vereenegte Staaten.

Vum 29. Dezember 1832 bis den 3. Mäerz 1843 a vum 26. November 1845 bis den 31. Mäerz 1850 war hie Gouverneur vum Bundesstaat South Carolina.

De Calhoun war ee vun de gréisste Supportere vun der Sklaverei an de Vereenegte Staaten.[1] Wärend senger politescher Karriär war hien an dräi Parteien; als Senateur an der Demokratesch-Republikanescher Partei, an a senger Amtszäit als Vizepresident an der Nullifier Partei. Wéi déi Partei sech opgeléist huet, ass hien an d'Demokratesch Partei gewiesselt.

 Commons: John C. Calhoun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Wilmot Proviso. law.jrank.org. Gekuckt den 29.08.2025.