Herman Schultz
Ausgesinn
| Herman Schultz | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 7. Juli 1823 |
| Gestuerwen |
8. Mee 1890 Stockholm |
| Nationalitéit | Schweden |
| Educatioun | Universitéit Uppsala |
| Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
| Member vun | Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften |
| Famill | |
| Bestuet mat | Charlotte Klara Amalie von Steinheil |
|
| |
De Per Magnus Herman Schultz, gebuer de 7. Juli 1823 zu Nykvarn, Södermanland, a gestuerwen den 8. Mee 1890 zu Stockholm, war e schweedeschen Astronom.
Hie gouf 1878 Professer fir Astronomie op der Universitéit Uppsala an Direkter vum Observatoire Uppsala. Hien hat 13 Objete vum NGC-Katalog entdeckt.
De Schultz gouf am Joer 1873 Member vun der Kinneklecher Gesellschaft vun de Wëssenschaften zu Uppsala souwéi 1875 Member vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wolfgang Steinicke: Nebel und Sternhaufen. Geschichte ihrer Entdeckung, Beobachtung und Katalogisierung - von Herschel bis zu Dreyers "New General Catalogue" Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 978-3-837083-50-7.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Herman Schultz bei Wolfgang Steinicke
- (en) Herman Schultz / Universitéit Uppsala
- Publikatiounvon H. Schultz am Astrophysics Data System
- N. N.: Obituary: Schultz, Herman Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 51 (1891), S. 205
