Op den Inhalt sprangen

Guyane

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam franséischen Departement Guyane a Südamerika. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Guyane (Homonymie).
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Guyane française
Franséisch-Guayane
Fändel vu Frankräich

Basisdaten
Offiziell SproochFranséisch
HaaptuertCayenne
Fläch86.504 km²
Awunnerzuel195.506 (2005)
Bevëlkerungsdicht2,26 Awunner pro km²
Arrondissementer2
Kantonen19
Gemengen22
PrefektJean-Pierre Laflaquière
President vum RegionalrotAntoine Karam
President vum GeneralrotPierre Désert
WärungEuro (€) 1 Euro = 100 Cent
ZäitzonUTC – 3 h
Internet-TLD.gf
Internationale Postcode+594
Kaart
Positioun vu Franséisch-Guayana a Südamerika

D'Guyane (och Franséisch-Guyana, franséisch Guyane [gɥiˌjan]) ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich, am Norde vu Südamerika um Atlanteschen Ozean tëscht Brasilien an dem Surinam bei 4° nërdlecher Breet a 53° westlecher Längt.

D'Guayane ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert och domat zur Europäescher Unioun.

D'Departement huet eng Fläch vu 86.504 km² an ass domat ongeféier sou grouss wéi Éisträich. Et huet eng 378 Kilometer lang Küst um Atlantik, 730 Kilometer Grenz mat Brasilien[1] a 510 Kilometer mat Surinam.

Den héchste Punkt ass de Mont Bellevue mat 850 m iwwer dem Mier. Am Süde vum Land erstreckt sech eng kleng Mëttelgebiergskette mat maximalen Héichten ëm 800 m, de Massif Tabulaire. Déi wichtegst Flëss si vu Westen no Osten de Maroni, deen d'Grenz mat Surinam mécht, de Sinnamary, den Approuague a den Oyapock, deen op der Grenz mat Brasilien ass.

D'Guayane huet dat gréisst zesummenhängend Bëschgebitt vu Frankräich a vun der Europäescher Unioun. 90 % vum Land si mat tropesche Reebëscher bedeckt. De wäitaus gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft op der Küst, wou déi gréisst Agglomeratioune sinn.

Wichtegst Stied

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Guyane – Biller, Videoen oder Audiodateien
De Floss Oyapock bilt d'Grenz mat Brasilien
Loftbild vun der Haaptstad Cayenne

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Säit iwwer d'Grenze mat Brasilien (franséisch)