Chileenesche Peso
Ausgesinn
|
| |
| Typ | Wärung |
|---|---|
| Land | Chile |
| ISO-Code | CLP |
| Zentralbank | Banco Central de Chile |
| Agefouert | 29. September 1975 |
| ersetzt | Chileeneschen Escudo |
|
| |
De chileenesche Peso (CLP) ass zanter dem 29. September 1975 d'Wärung vun der Republik Chile.
Den haitege Peso gouf den 29. September 1975 mam Dekreet Nr. 1.123 agefouert an huet de chileeneschen Escudo ersat, dee bis dohi gëlteg war.
Bis 1984 war de Peso an 100 Centavos ënnerdeelt.
Et gëtt Mënze vun 1, 5, 10, 50, 100 a 500 Peso, a Billjeeë vun 1000, 2000, 5000, 10.000 an 20.000 Pesos.
2016 huet ee ronn 700 Pesos fir 1 Euro kritt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Chileenesche Peso – Biller, Videoen oder Audiodateien |
