Andrzej Duda
| Andrzej Duda | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
6. President vun der drëtter polnescher Republik | |
| 6. August 2015 - 6. August 2025 | |
| Virgänger | Bronisław Komorowski |
| Nofollger | Karol Nawrocki |
| Partei |
Recht a Gerechtegkeet, Onofhängeg, Onofhängeg |
| Biographie | |
| Gebuertsnumm | Andrzej Sebastian Duda |
| Gebuer |
16. Mee 1972 Krakau |
| Nationalitéit | Polen |
| Educatioun | Jagiellonen-Universitéit |
| Gielercher | Uerde vum wäissen Aadler, Grousskräiz vum Leopoldsuerden, Grousskräiz vum Sankt-Olav-Uerden, Grand-croix vum Erléiser-Uerden, Gëllenen Olympeschen Uerden, Крыж Добрасуседства |
| Papp | Jan Tadeusz Duda |
|
| |
Den Andrzej Sebastian Duda, gebuer de 16. Mee 1972 zu Krakau, ass e polnesche Politiker vun der Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), a Jurist. Vum 6. August 2015 bis de 6. August 2025 war hie Staatspresident vun der Republik Polen.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet 1996 op der Jagiellonen-Universitéit zu Krakau e Magister an Droit a Verwaltung gemaach, gouf do 2005 promovéiert, an doropshin Dozent op där Universitéit.
2006 war hien delegéierte Justizminister an der Regierung vum Jarosław Kaczyński a gouf 2007 Conseiller vum Staatspresident Lech Kaczyński, deen 2010 beim Flijeraccident bei Smolensk ëm d'Liewe koum. Bei de Parlamentswalen 2011 gouf den Duda fir d'Parei PiS an de Sejm, dat polnescht Parlament, gewielt. 2014 ass en do zeréckgetrueden a gouf an d'Europäescht Parlament fir d'Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer gewielt.
De 24. Mee 2015 huet hien am zweeten Tour vun de Presidentschaftswalen a Pole géint den aktuelle President Bronisław Komorowski gewonnen a gouf de 6. August 2015 vereedegt. Den 12. Juli 2020 gouf hien am 2. Tour vun de Presidentschaftswale mat knappser Majoritéit erëmgewielt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Andrzej Duda – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche op der Websäit vum Europaparlament.
- eege Websäit
